Cycle 4

Neies aus dem C4


Virlies-Concours 2015

09/06/2015

De Virlies-Concours ass eng vu villen Aktiounen am Kader vun der Promotioun vum Liesen, déi de Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse all Joer organiséiert. E riicht sech u sämtlech Kanner aus dem Cycle 4 a dëst Joer steet en ënnert dem Thema "Kanner hu Rechter".
D'Amelie Teferle huet ons Schoul bei der Virentscheedung vum Ressort 4 vertrueden. De Cycle 4 felicitéiert him fir den 1. Präis an en wënscht him vill Gléck béi der nationaler Entscheedung. D'Finale fënnt de 25. Juni am Mierscher Kulturhaus statt.









Eltereversammlung - Classe verte: Xonrupt 2015

12/05/2015

D'Pädagogesch Equipe vum Cycle 4.1 invitéiert d'Eltere vun de Schüler aus dem Cycle 4.1 op hier Informatiounsversammlung iwwert eis Kolonie zu Xonrupt. Mir fueren den 29. Juni fort a kommen den 3. Juli nees zeréck.
D'Versammlung ass den 1. Juni 2015 am Projektiounssall am Centre Prince Henri um 1. Stack. D'Versammlung gëtt um 19 Auer op Franséisch an um 20 Auer op Lëtzebuergesch ofgehalen.



Eischt Viregt