Sportsdag Bäreldeng

26/09/2026

De 25. September war an der Schoul zu Bäreldeng e Sportsdag fir d’Zyklen 2 an 3 ënnert dem Thema „Am Mier“ .

D’Kanner waren a gemëschte Gruppen aus de Zyklen 2 an 3 agedeelt a konnten sech op aacht verschiddene sportleche Statiounen beweegen, austoben a vill Spaass hunn.

Hei gesitt dir e puer Fotoe vun dësem flotten Dag voller Beweegung, Freed a gudder Laun! ⚓