
Virlies-Concours 2015
09/06/2015De Virlies-Concours ass eng vu villen Aktiounen am Kader vun der Promotioun vum Liesen, déi de Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse all Joer organiséiert. E riicht sech u sämtlech Kanner aus dem Cycle 4 a dëst Joer steet en ënnert dem Thema "Kanner hu Rechter".
 
D'Amelie Teferle huet ons Schoul bei der Virentscheedung vum Ressort 4 vertrueden. De Cycle 4 felicitéiert him fir den 1. Präis an en wënscht him vill Gléck béi der nationaler Entscheedung. D'Finale fënnt de 25. Juni am Mierscher Kulturhaus statt.

 Rgl_temp_de_la_circulation__loccasion_de_la_coupe_scolaire.pdf
 Rgl_temp_de_la_circulation__loccasion_de_la_coupe_scolaire.pdf

